top of page

Wëllkomm!

12493426_10205635211110795_5734778105095330960_o.jpg
Morgen-Nebel über Wald
Blütenblätter

Schéin dass du heihin fond hues! :) 
Kuerz zu mir an desem Shop:
Ech hun Ufank 2023 mat dëser Arbecht ugefaang an saitdeem een ëmmer weider wuessend Sortiment un Naturproduien fir Iech zesummengestallt.
Daat wichtest dobai: d'Natur! Heecht ech benotzen ouni Ausnahm natierlech Réihstoffer fir meng Produien wéi Uelecher, Fetter, Kraider, Planzen, naturreng ätheresch Uelecher, Beienwuess, Hunneg, Natron, Heilerde an méi.
Waat mir och ganz wichtech ass: Ech benotzen keng Produien déi un Déieren getest goufen an keng fir déi engem Déier geschued gouf, et sin also z.b. keng Déierech Fetter an den Seefen. Trotzdem sin vill Produien nët Vegan, daat lait awer ganz einfach um Beienwuess an um Hunneg.
Ausserdeem leeën ech groussen Wert dorop den Shop esou weinech verschwaenderech wéi méijlech ze haalen. Dowéinst sin déi meecht Produien an Glieser déi dir entweder géint een Pfand hei kënnt zreckgin oder déi dir mat engem Praisnolooss rem befëllen kënnt loossen. Waat dir alles kënnt zreckgin gesidd dir ënnert dem Punkt Recycling am Onlineshop.
Nieft den Produien déi dir am Shop fannt kënnt dir awer och personaliséiert Produien bestellen, sief et een Kado deen Optech ugepasst soll gin, eng Creme mat speziellen Kraider, Uelecher, .... , eng Seef mat engem gewënschten Geroch oder een ob Wonsch zesummengessaten Kadoskuerw.
Falls dir méi zu den Produien wessen wëllt fannd dir d'Rezepter an den Infoen, héi gesidd dir dann genau waat wou dran ass an kënnt och probéieren d'Saachen doheem selwer ze maachen! (NaOH kantitéiten sin nët ugin).
Ech hoffen dir fannt waat dir sicht an vllt fann dir mat den Rezepter jo och selwer gefaalen un der Naturkosmetik! :)


 

IMG_2950.JPG
bottom of page